28/04/2025
D’Agence Limpach,Picquoin & Steinfort sicht e Mataarbechter fir de Support Commercial (m/f).
Är haaptsächlech Responsabilitéiten:
Den Accueil vun de Clientë vun der Agence, perséinlech oder um Telefon, assuréieren,
Op Froe vun de Clientë vun der Agence reagéieren,
D‘Verkafsaktioune vum Grupp suivéieren,
Dossieren preparéieren, fir d‘Visitte vu geschäftleche Clienten,
De Suivi vun den Aktiounen assuréieren, déi vun der Agence gefuerdert gi sinn,
D‘Redaktioun vun neien Offeren a Kontrakter iwwerhuelen,
De Suivi vun den Dossieren vun de Sinistren assuréieren,
Iech ëm d‘elektronesch a bréiflech Post bekëmmeren.
Mir offréieren Iech:
D‘Méiglechkeet fir an enger renomméierter Agence ze schaffen, déi zu engem staarke Grupp gehéiert,
Exzellent Weiderbildungsméiglechkeeten,
Interessant Entwécklungsperspektiven,
En dynameschen a professionellen Environnement,
En onbefristen Kontrakt (40 Stonnen/Woch).
Äre Profil:
Dir beherrscht perfekt Lëtzebuergesch, Franséich, Englesch an Däitsch, all aner Sprooch ass vu Virdeel,
Dir beweist Initiativ, Dynamik an Autonomie,
Dir schafft grëndlech a sidd gutt organiséiert,
Dir hutt e gutt Gespier fir de Service un de Client,
Den Agreement als Assurancen-Agent ass eng noutwenneg Viraussetzung fir d‘Ausübung vun äre Missiounen. Et ass also vun groussem Virdeel wann dir den Agreement schonn hutt.
Wann Dir Iech an dësem Profil erëmerkennt, schéckt eis w.e.g. Äre CV mat engem Motivatiounsbréif un d’Adress [email protected]