Archives de la Ville de Luxembourg

Archives de la Ville de Luxembourg Vous pourrez dorénavant découvrir ici chaque dimanche un nouveau document de notre banque de donn?

🇱🇺 Keen wëll e "Garnisaire" doheem hunn!Steieren asammele war nach ni eng einfach Affär, bei ze vill Retarde, gouf et fr...
19/06/2026

🇱🇺 Keen wëll e "Garnisaire" doheem hunn!

Steieren asammele war nach ni eng einfach Affär, bei ze vill Retarde, gouf et fréier de Garnisaire. Wann een ze laang gebraucht huet fir seng Kontributiounen ze bezuelen, konnt d'Administratioun engem e Garnisaire Heem schécken, also eng Persoun déi ee bei sech ophuele, logéieren a verfleege misst, an dat net bis dass een bezuelt hätt, mee dei friem Persoun konnt deelweis bis zu 8 Deeg nom bezuele vun der Schold bleiwen. Am Extrait hei drënner aus dem Joer VI (1797) gesäit een, wéi de Receveur général esouguer engem Steierandreiwer dréit, him eng 20 Garnisairen Heem ze schécken, fir dass hien seng agedriwwen Zommen iwwergëtt.

🇫🇷 Gare aux garnisaires !

Les levées d’impôts se font parfois difficilement. Les arriérés s’étendent souvent sur plusieurs années et sont difficilement recouvrables. Afin de motiver les retardataires à s’acquitter de leurs contributions, l’administration leur envoie donc des garnisaires, c’est-à-dire des personnes qui s’installent chez eux et qu’ils doivent entretenir jusque huit jours après le paiement de la dette. Dans l’extrait du registre aux délibération de l’an VI (1797), on voit que le receveur général menace d’envoyer « une vingtaine d’hommes » chez le collecteur de la municipalité pour presser la levée de la contribution.

🇬🇧 Beware of the "garnisaires"!

Collecting taxes can sometimes be difficult. Arrears often stretch back several years and are hard to recover. To encourage late payers to settle their debts, the authorities send them "garnisaires" – people who move into their homes and whom they must support for up to eight days after the debt has been paid. In the extract from the minutes of the Year VI (1797), we see that the collector-general threatens to send ‘about twenty men’ to the municipal tax collector’s house to press for the collection of the tax.

🇱🇺 All Joer, fir d'International Archives Week Challenge presentéieren sech 26 europäesch Archiven unhand vun engem Doku...
19/06/2026

🇱🇺 All Joer, fir d'International Archives Week Challenge presentéieren sech 26 europäesch Archiven unhand vun engem Dokument. Dëst Joer war de Sujet "7", mat dem d'Stad Lëtzebuerg, wéi der an eiser Kontributioun kënnt liesen, vill kann ufänken.

🇬🇧 This year, for the International Archives Week challenge, 26 European archives took part by submitting a document. The theme was ‘7’, a subject on which the City of Luxembourg, as you can read in our contribution, has a great deal to say.

🇫🇷 Cette année, pour le défi de la Semaine internationale des archives, 26 archives européennes se sont présentées à l'aide d'un document. Le thème était « 7 », un sujet sur lequel la Ville de Luxembourg, comme vous pouvez le lire dans notre contribution, a beaucoup à dire.

Stadsarchief Ieper Státní okresní archiv Cheb
Rahvusarhiiv Stadt- und Stiftsarchiv Aschaffenburg Γενικά Αρχεία του Κράτους - ΓΑΚ Magyar Nemzeti Levéltár/National Archives of Hungary
Waterford City and County Archive Archivio di Stato di Gorizia Latvijas Nacionālais arhīvs Archiwum Państwowe w Warszawie Arquivo Distrital do PortoZgodovinski arhiv Celje

12/06/2026
09/06/2026
🇱🇺 Op dësem 30. Mee, erënnere mir un d'Affer vun der uerger Katastrophe am Quartier Béinchen am Pafendall. Viru 50 Joer ...
30/05/2026

🇱🇺 Op dësem 30. Mee, erënnere mir un d'Affer vun der uerger Katastrophe am Quartier Béinchen am Pafendall. Viru 50 Joer koum et do zu enger grousser Explosioun, bei där 3 Persounen hir d'Liewe verluer hunn, 25 goufe blesséiert a vill Haiser waren esou zerstéiert, dass se net mei bewunnbar waren.

🇫🇷 En ce samedi 30 mai, nous nous souvenons des victimes de la catastrophe de Pfaffenthal. Il y a 50 ans, une explosion accidentelle provoquait 3 morts, 25 blessés et la destruction de plusieurs maisons.

🇬🇧 On this Saturday, May 30, we remember the victims of the Pfaffenthal disaster. Fifty years ago, an accidental explosion left three people dead, 25 injured, and several homes destroyed.

Och mir sinn rem dëst Joer dobäi, schreift Iech gären bei onse Workshops (an natierlech och bei den aneren Events) an. 🥳...
22/05/2026

Och mir sinn rem dëst Joer dobäi, schreift Iech gären bei onse Workshops (an natierlech och bei den aneren Events) an. 🥳🥳🥳
Ons Workshops sinn den 2.06 an den 30.06 vun 14h-16h.

🇱🇺 Den Hauptmann von KöpenickNo sengem spektakuläre Coup an der Gemeng Köpenick an enger verkierzter Prisongsstrof, kënn...
15/05/2026

🇱🇺 Den Hauptmann von Köpenick

No sengem spektakuläre Coup an der Gemeng Köpenick an enger verkierzter Prisongsstrof, kënnt de Wilhelm Voigt den 19. Mee 1909 op Lëtzebuerg, wou hien sech bei der Wittfra Emilie Blum an der Neippergstrooss nidder léist. Wéi aus sengem Umeldeformulaire ervirgeet, wëll hie just „vorübergehend“ hei bleiwen a mëllt sech dann och de 5. Mäerz 1910 of, Kanada soll dat neit Ziel sinn. Bësse méi wéi e Mount drop mëllt hien sech awer rëm zu Lëtzebuerg un, wou en och 1922 soll verstierwen.

Fält iech de Feeler um Formulaire op ? Interessant ass och, dass e Beamten „Hauptmann von Köpenick“ mam Bläistëft op seng Karteikäertchen dobäigeschriwwen huet.

🇫🇷 Wilhelm Voigt, le capitaine de Köpenick

Libéré après son célèbre coup à Köpenick et une peine de prison écourtée, Wilhelm Voigt arrive à Luxembourg le 19 mai 1909. Il s’installe chez la v***e Emilie Blum, rue Neipperg, en déclarant être « de passage » sur son formulaire d’arrivée. Le 5 mars 1910, il annonce son départ pour le Canada, avant de revenir un peu plus d’un mois après. Il meurt finalement à Luxembourg en 1922.
Avez-vous repéré la faute dans sa déclaration ? Par ailleurs, un fonctionnaire a noté au crayon sur sa fiche : « Hauptmann von Köpenick ».

🇬🇧 Wilhelm Voigt, the Captain of Köpenick

Released after his famous daring act in Köpenick and a shortened prison sentence, Wilhelm Voigt arrived in Luxembourg on May 19, 1909. He moved in with the widow Emilie Blum on Neipperg Street, stating on his arrival form that he was “just passing through.” On March 5, 1910, he announced his departure for Canada, only to return a little over a month later. He eventually died in Luxembourg in 1922.
Did you spot the mistake in his declaration?
It is also interesting to note that a civil servant wrote in pencil on his form: “Hauptmann von Köpenick.”

🇱🇺   E Prison oder eng Seibecken?An den Dossieren am Archiv fënnt ee vill Mentioune vun Ausbréch aus de Prisonen um Fësc...
08/05/2026

🇱🇺 E Prison oder eng Seibecken?

An den Dossieren am Archiv fënnt ee vill Mentioune vun Ausbréch aus de Prisonen um Fëschmaart an aus dem Gronn.
An dësem Bréif vum 22 Messidor aus dem Joer 6 (10. Juli 1798) geet riets vun engem opgedeckte Komplott vu Prisonéier vum Fëschmaart. De Commissaire vun de Prisone freet dass ee schnell handele misst, wëll d‘Lach vum leschten Ausbroch nach net gefléckt wär. Duerch en Duerchbroch konnten 10 Deeg éischter 4 Prisonéier flüchten, ënnerwee hunn se och nach eng stolen Dier gebéit an aus dem Aangele gehuewen.
6 Méint virdru gouf schonn e Lach vun engem weideren Ausbroch gefléckt.

🇫🇷 Prison ou passoire ?

On trouve dans les dossiers des archives nombre de mentions d’évasions, que ce soit dans la prison du Marché-aux-Poissons ou dans la prison du Grund. Dans cette lettre du 22 Messidor an VI, on fait état d’un complot de prisonniers du Marché-aux-Poissons qui a été mis au jour et justifie l’urgence à effectuer les réparations sur la brèche faite 10 jours auparavant pour la précédente évasion. Les quatre prisonniers avaient alors réussi à plier et dégonder la porte en fer, en plus de la brèche déjà évoquée. Une autre brèche avait déjà dû être réparée quelques mois auparavant suite à une évasion en nivôse an VI.

🇬🇧 Prison or sieve?

The archive records contain numerous references of escapes, whether from the Marché-aux-Poissons prison or the Grund prison. This letter, dated 22 Messidor, Year VI, reports on a plot by prisoners at the Marché-aux-Poissons that had been uncovered, and explains the urgency of repairing the breach made 10 days earlier during the previous escape. The four prisoners had managed to bend and unhinge the iron door, in addition to the breach already mentioned. Another breach had already had to be repaired six months earlier following an escape in Nivôse Year VI.

🇱🇺

🇱🇺 D'Märei vun HollerechTëscht 1913 an 1918, huet d'Gemeng Hollerech hir Märei ëmgebaut. Zumools dem Gemengesekretär sen...
30/04/2026

🇱🇺 D'Märei vun Hollerech

Tëscht 1913 an 1918, huet d'Gemeng Hollerech hir Märei ëmgebaut. Zumools dem Gemengesekretär seng Raimlechkeete waren ze kleng ginn. D'Iddi war, fir d'Sekretariat mei no bei d'Säll vum Schäffen - a Gemengerot ze bréngen, am Géigendeel zu dem wat dir um Plang vun 1913 kënnt gesinn, wou de Sekretär nieft dem État civil an dem Archiv souz. D'Gemengenhaus stoung ongeféier vis-à-vis vun der Hollerecher Kierch, donieft war d'Schoul mat ronn 50 Schüler. Am Ëmbau vun 1917 war esouguer virgesinn dass eng ganz Klass misst plënneren.

Et goufen och neit Material bestallt, ënnert anerem eng Schreifmaschinn, Schief an esouguer e Coffre-fort.

🇫🇷 Entre 1913 et 1918, la commune de Hollerich réaménage sa maison communale, notamment les bureaux du secrétariat, devenus trop exigus. Le projet vise à rapprocher le bureau du secrétaire des salles du collège échevinal et du conseil communal, contrairement au plan de 1913 où il jouxtait l’état civil et les archives. Situé face à l’église de Hollerich, le bâtiment se trouve près de l’école comptant une cinquantaine d’élèves, dont une classe doit être déplacée en 1917 dans le cadre de ce réaménagement. De nouveaux équipements, tels qu’une machine à écrire, des armoires et un coffre-fort, sont également prévus.

🇬🇧 Between 1913 and 1918, the municipality of Hollerich refurbished its town hall, in particular the administrative offices, which had become too cramped. The aim of the project was to bring the secretary’s office closer to the chambers of the college of aldermen and the municipal council, unlike the 1913 plan, under which it was adjacent to the registry office and the archives. Located opposite Hollerich Church, the building is situated near the school, which has around fifty pupils; one of its classes had to be relocated in 1917 as part of this refurbishment. New equipment, such as a typewriter, cupboards and a safe, was also provided.

🇱🇺

🇱🇺 1797 - Prison doheem ?Dat revolutionäert Frankräich hëlt Stad Lëtzebuerg am Juni 1795 an, bleift awer bis zum Fridde ...
24/04/2026

🇱🇺 1797 - Prison doheem ?

Dat revolutionäert Frankräich hëlt Stad Lëtzebuerg am Juni 1795 an, bleift awer bis zum Fridde vu Campo Formio am Oktober 1797 weiderhi mat den Habsburger am Krich.

Lëtzebuerger, déi virun der franséischer Annexioun an der Éisträichescher Arméi gedéngt hunn, goufe vun der franséischer Arméi gefaange geholl an an de Prison gestach, fir kënne spéider ausgetosch ze ginn. Verschidde Stater konnten hir Gefaangenschaft bei der Famill verbréngen.

De Jean Goergen hat dat Gléck awer net, seng Schwëster wollt net fir hie biergen an esou, misst hien zu Diddenuewen am Prison bleiwen. Dëst huet sécher net zu enger gudder Stëmmung um nächste Familljefest bäigedroen!

🇫🇷 En prison chez soi

Entre la prise de la ville en juin 1795 et la paix de Campo Formio en octobre 1797, la France, Luxembourg désormais inclus, reste en guerre contre l’Autriche. Dès lors, des Luxembourgeois, engagés dans l’armée autrichienne avant l’annexion par la France, sont faits prisonniers par l’armée française et incarcérés en attendant d’être échangés. Certains ont la chance d’être réclamés et rendus à leur famille à Luxembourg pour la durée de leur captivité. Jean Goergen n’a pas cette chance car sa sœur refuse de se porter garante pour lui. Il restera dont dans la prison de Thionville. De quoi animer les prochains repas de famille.

🇬🇧 Imprisoned at home
Between the capture of the city in June 1795 and the Treaty of Campo Formio in October 1797, France – now including Luxembourg – remained at war with Austria. Consequently, Luxembourgers who had enlisted in the Austrian army prior to the annexation by France were taken prisoner by the French army and imprisoned whilst awaiting exchange. Some were fortunate enough to be claimed and returned to their families in Luxembourg for the duration of their captivity. Jean Goergen isn’t so lucky, as his sister refuses to act as his guarantor. He will therefore remain in Thionville prison. That should provide plenty of conversation for future family meals.

🇱🇺

Adresse

42, Place Guillaume II
Luxembourg
L-2090

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Archives de la Ville de Luxembourg publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Contacter L'entreprise

Envoyer un message à Archives de la Ville de Luxembourg:

Partager