21/01/2026
Nach ee weidere Sponsorvertrag fir d’Joer 2026 an dëse läit eis och besonnesch um Häerz !
Mir si ganz houfreg a glécklech, och dëst Joer d’Trikote vun der Härenéquipe vum Union Sportive Rambrouch kënnen ze sponsoren. 🥰
D’Zesummenaarbecht mam Union Sportive Rambrouch besteet scho säit ville Joren, an genee dat mécht et fir eis esou wäertvoll et geet net just ëm Sponsoring, mee ëm Vertrauen, Teamgeescht an eng laangjäreg Relatioun, déi mat der Zäit gewuess ass.
Fir eis ass et wichteg de lokale Sport ze ënnerstëtzen an och e klengen Deel dozou bäizedroen, dass d’Veräinsliewen an d’Motivatioun um Terrain weider staark bleiwe kënnen.🤝
Mir freeën eis op vill weider flott Momenter zesummen a wënschen dem US Rambrouch vill Gléck a vill Erfolleg fir de Rescht vun der Saison! 💪⚽
👉 Wien Loscht huet, kann de Pullover och online kafen:
https://absolute-teamsport.lu/collections/us-rambrouch/ziptop-dynamic-men/